Dir Damen an dir Hären
Ech hun 56 Joer (vun 1957 un) opp der Nummer 19 an der Steeseler Stross zu Bäreldeng gewunnt , meng Fra an ech mir hun mäin Elternhaus am Joer 1986 kaaft , mir sin am Januar 2014 geplënnert a wunnen elo zu Giesdorf an der Äifel an Däitschland , mir hun deen villen Verkéier an och daat permanent Héichwasserproblem , och wann mir nie Wasser am Haus haaten , nët méi verdroen . Waat awer elo do geplangt ass ,schléit dem Faass de Bueden aus , wëssen déi Leit nët wéi d’Héichwasserproblem opp der Plaatz do ass ? Och wann daat léscht gréissert Héichwasser zu Walfer schons 20 Joer zeréck läit , ass daat aswer keng Garantie daat esou ëppes wéi am Februar 1995 nët méi erëm kënnt .Déi Wiss wou deen Projet do geplangt ass stoung deemols komplett ënner Wasser , d’Uelzecht ass duerch Steeseler Stross gelaaf , hannert onsem Haus stoung Wasser en halwe Meter héich am Gaart . Ech si mer secher , och wann een daat kengem wënscht ,wann deen Projet do esou realiséiert an färdeg gestallt gin ass , dann kënnt daat nächt grousst Héichwasser ., do hëlleft och Renaturisatiuon vun der Uelzecht nët vill , well ët goufen schons vill méi schlëmm Héichwasserkatastrophen zu Walfer ,am léschten an am viirléschten Joerhonnert . Awer ët ass wéi ëmmer , d’Héichwasser war séier vergiess an wou vill Geld am Spill ass bleift de gesonden Mënschenverstand opp der Stréck. Meng Fra an ech mir sin frou daat mir opp enger Plaatz wunnen wou mer weder Verkéier nach Héichwasserproblemer hun , an awer gët engem déi Situatiuon zu Bäreldeng ze denken , well daat do ass den Ufank , daat nächst ass bestëmmt en Megaprojet fir an de Wisen zweschen der Rue des Roses an der Rue de Steinsel ze bauen , zur Erënnerung 1995 stoung Wasser do en halwen Meter héich . awer wéin intersséiert daat , wann vill Geld am Spill ass .
Et ass un iech an un de Walfer Leit fir deem Wahnsinn do en Enn ze machen .
Mat béschte Gréiss

Cecile a Guy Jungbluth
Auf dem Bungert 12
D-54614 Giesdorf
Email: guy.jungbluth@vodafone.de