Skip to content

BILAN 2017-2013

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Ech sinn houfreg Iech an dësem Flyer een Deel vun onse wichtege Realisatiounen iwwert dës Legislaturperiod d.h.: di lescht vergaange 6 Jore presentéieren ze kënnen. Den 8 säitege Koalitiounsaccord, deen d’CSV 2017 zesumme mat hirem Koalitiounspartner “déi gréng” opgesat huet, ass wéi geplangt ëmgesat ginn. D’Lat louch héich mee duerch vill Aarbecht, enormen
Engagement, Kompetenz an eng gutt Organisatioun konnte mir dat ëmsetzen, wat mir versprach haten. Vill aner interessant Projeten déi elo net am Koalitiounsaccord stoungen, konnten doniewent och nach zesumme realiséiert ginn.

Onerwaarte Krisesituatioune wéi d’Covid19 Pandemie, d’Iwwerschwemmunge vun 2021, d’Impakter vun der Invasioun vun der Ukrain an d’Energiekrise sinn nieft der alldeeglecher Gestioun vun der Gemeng professionell an ganz am Sënn an am Interêt vun der Bevëlkerung geréiert ginn. 

No bal 6 Joer an der Majoritéit si mir houfreg mat onsem Koalitiounspartner een exzellente Bilan virzeweisen.

Ofgesinn vun deene ville wichtege Realisatioune konnte mir di finanziell Situatioun vun der Gemeng substantiell verbesseren an dat ouni wichteg Investissementer ze sträichen !

Walfer ass eng dynamesch a liewenswäert Gemeng mat modernen Infrastrukturen. Wesentlech Prioritéite bleiwe fir ons weiderhin d’Biergerbedeelegung a Kommunikatioun mat de Walfer Bierger an dat bei grousse Projeten an iwwerall wou et en wichtegen Impakt op d’Bevëlkerung gëtt. Iwwert di vergaange 6 Joer hu mir vun iech och ganz interessant a wichteg Feedbacke kritt, déi dann och ëmgesat gi si, wéi z.B. an onse Workshoppen “Walfer 2030”.

Ech soen Iech villmools Merci fir äert Vertrauen a fir är Zesummenaarbecht mat ons! Et wier ons eng Freed an eng Éier fir di wichteg mëttel- a laangfristeg Projeten, déi elo schonn ugelaf sinn och kënnen an den nächste 6 Joer fäerdeg ze maachen. Als CSV wëlle mir gestäerkt aus dëse Gemengewalen erausgoen a mir wënschen ons dat mir fir di nächst Legislaturperiod an der Majoritéit mat iech kënne konstruktiv weiderschaffe fir déi bescht Liewensqualitéit fir d’Walfer Bierger.

Mir zielen op iech!

François SAUBER
Buergermeeschter

DOWNLOAD bilan

CSV Walfer – Bilan 2017-2023